
Am ganze Land goufe vun e Samschdegowend 22 Auer bis Sonndegmoie 6 Auer iwwer 40 Virfäll gemellt, esou d’Police an hirem Bulletin. Virop goung et ëm Streidereien oder Fäll vu Stéierung vun der Nuetsrou. An deene meeschte Fäll waren d’Situatioune scho geléist, ier d’Beamten op de concernéierte Plazen ukoumen.
Net sou awer e Samschdegowend op der Paräisser Plaz an der Stad, wou eng Persoun bei enger Kläpperei blesséiert gouf. Wéi eng Patrull op d’Plaz koum, konnt hei nëmmen nach eng Persoun ugetraff ginn, déi sech de Beamte géigeniwwer beleidegend an onkooperativ verhalen huet. De Mann koum an den Arrest, hie war iwwerdeems staark alkoholiséiert an huet fir sech an anerer eng Gefor duergestallt, esou d’Police an hirem Bulletin weider.
E weidere Virfall gouf et dee selwechten Dag am Nomëtten zu Bartreng: E bis ewell onbekannten Täter huet eng aner Persoun mat engem Messer menacéiert an hir de Smartphone an d’Kopfhörer geklaut. D’Affer gouf bei dësem Iwwerfall net blesséiert, d’Beamten hunn eng Enquête an d’Weeër geleet.