Mëlleref an AltwiesPolice mellt zwee Abréch en Dënschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend gouf zweemol probéiert an Haiser anzebriechen, wéi d'Police mellt.
© Laurent Weber

Zu Mëlleref an der Rue des Fraises goufen en Dënschdeg den Owend zwee Täter vun den Awunner gestéiert a si geflücht. Éischten Informatiounen no wieren déi onbekannten Täter iwwer eng Fënster erakomm.

An zu Altwis an der Rue Jean-Pierre Molitor waren et gläich véier Onéierlecher, déi probéiert haten, ran ze kommen. Eng Sich no den Abriecher ass ouni Erfolleg bliwwen. A béide Fäll huet d’Police eng Enquête an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO