Zum Accident, bei deem en Auto an e Bam gerannt ass, koum et e Mëttwoch de Moie géint 11.36 Auer. De CGDIS huet matgedeelt, datt d’Rettungsekipp vu Rammerech a Réiden op der Plaz waren. Den Automobilist ass nom Accident zu Fouss geflücht. Et gouf eng Sich no him lancéiert an d’Police hat den Opruff gemaach, kee matzehuelen a verdächteg Persounen um Noutruff 113 ze mellen.
Wéi d’Police en Donneschdeg kuerz viru Mëtteg matdeelt, konnt de Chauffer am Kader vun der Sich schliisslech awer nach fonnt ginn. Et huet sech erausgestallt, datt hie kee Fürerschäin hat. De Fall gouf zu Protokoll geholl.