
Am Kader vun den Enquêten huet sech nämlech erausgestallt, datt um Lampertsbierg probéiert gouf, mat de Kreditkaarte vum Affer Suen opzehiewen. An deem Kader sicht d’Police elo no Zeien an huet Fotoe vun zwou Frae publizéiert. No den zwou Frae géif gesicht ginn, heescht et am Policebulletin.
Wien Informatioune zu de gesichte Fraen huet, ass gebieden, sech um Policebüro vu Réimech/Munneref ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 77 1000 oder per Mail un Police.remichmondorf@police.etat.lu ze mellen.
