Abréch an Autoen zu SchierenPolice sicht no Zeien an no de Besëtzer vun de geklaute Géigestänn

Kevin Kayser
An der Nuecht op e Méindeg koum et direkt an e puer Abréch an Autoen zu Schieren.

Am Kader vun der Ermëttlunge konnt d'Police zwee Verdächteger stellen, bei deene méi Géigestänn fonnt goufen. De Verdacht besteet, datt si eben aus Déifställ aus Autoe stamen. Bis ewell konnten d'Géigestänn awer kenge Geschiedegten zougeuerdent ginn.

D'Police sicht dowéinst no Persounen, déi an der Nuecht vum 22. op den 23. November Affer vun Abréch an hir Autoen am Raum Schieren goufen oder Leit, déi eppes Verdächteges gesinn hunn. Si solle sech um Policebüro vun Dikrech/Veianen ënnert der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per E-Mail an police.diekirchvianden@police.etat.lu.

Zu Réimech dann hat e Buschauffer d'Police geruff, well zwou Persounen a sengem Bus geschlof hunn, déi hien net waakreg krut. D'Beamte konnten da béid Männer op der Plaz untreffen a si och duerchsichen. Dobäi si Géigestänn, Bankkaarten Kleeder a Parfum, fonnt ginn, déi engem Abroch an en Auto zu Clierf konnten zougeuerdent ginn. De Parquet huet d'Géigestänn saiséiere gelooss a si goufen hiren Besëtzer zeréckginn.

Weider gouf zu Helleng an eng Wunneng an engem Appartementshaus agebrach a Bijoue geklaut an zu Bartreng waren zwou Persoune bei engem Abrochsversuch vum Noper gestéiert ginn a waren dono geflücht

Back to Top
CIM LOGO