Keess a Buttek geklautPolice stellt zwee Brigangen zu Ëlwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et an der Nuecht op e Mëttwoch zu engem Abroch an e Buttek zu Ëlwen.
© RTL Archiv

Géint 3 Auer haten déi zwee Onéierlech eng Dier opgebrach, fir sech Zougang an de Buttek ze verschafen an do eng Keess ze klauen. D’Police huet direkt eng Sichaktioun lancéiert a konnten déi Verdächteg och stellen. Bei der spéiderer Fouille konnt bei engem vun hinne Sue séchergestallt ginn.

Op Uerder vum Parquet goufe béid Brigange festgeholl a koume schonn e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter. E Mandat d’arrêt gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO