Op der A6Police stoppt Camion, dee gefälschte Sneaker soll transportéiert hunn

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg konnt d'Verkéierspolice op der Areler Autobunn op der Héicht vun der Grenz bei enger Kontroll e verdächtege Camion stoppen.
© Police

Géint 11 Auer gouf d’Gefier, dat géint en Transitverbuet verstouss hat, ugehalen. Bei der Kontroll vum Camion koum eraus, datt dëse ronn 7.500 Puer Sneaker, déi méiglecherweis gefälscht sinn, gelueden hat. Et wiere Schong vun de verschiddenste Marken, steet am Policebulletin ze liesen.

De Parquet huet d’Wuere saiséiere gelooss. Protokoll gouf erstallt an d’Ermëttlunge goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO