Méi gréng, méi BiodiversitéitPräisverdeelung u Gemengen fir "Méi Natur an eise Stied an Dierfer"

Chris Meisch
"Méi Natur an eise Stied an Dierfer", ass net just den Objektiv vun der nationaler Ëmweltpolitik, mä och den Numm vum Concours, un deem Gemenge konnte matmaachen.
© Chris Meisch

Den Ëmweltministère krut Projeten erageschéckt. Et geet ëm kommunal Mesuren, fir d‘Gemeng, eng Stad oder en Duerf méi gréng ze gestalten an d‘Biodiversitéit am urbane Raum ze fërderen. 17 Gemengen hu beim Concours matgemaach, déi 12 bescht Projete kruten ee Präis. Am Ganze goufen et véier verschidde Kategorien, d‘Gemeng Mäerzeg huet an der Kategorie “Schoulhaff” gewonnen.

“Méi Natur an eise Stied an Dierfer” - Reportage Chris Meisch

Et bréicht ee méi Gréngs, fir méi Liewesqualitéit an den ëffentleche Raum ze bréngen a fir sech de Konsequenze vum Klimawandel unzepassen, seet den Ëmweltminister Serge Wilmes. Et war ewell déi drëtten Editioun vum Concours “Méi Natur an eise Stied an Dierfer”. Am Ganze goufen 20 Projeten erageschéckt, verschidde Gemengen haten nämlech méi wéi just ee Projet virgestallt. De Concours war a 4 Kategorien opgedeelt: Schoulhäff, Spillplazen, ëffentlech Raim an ëffentlech Parkplazen.

An der Kategorie “Spillplaz” huet sech dëst Joer leider keng Gemeng engagéiert, bedauert den Ëmweltminister Serge Wilmes. Hien erkläert sech dat awer esou, dass dës Plazen eventuell manner Besoin hunn, fir amenagéiert ze ginn, wéi aner Plazen, déi manner gréng sinn. Eng onofhängeg Jury, déi aus Vertrieder vun ënnert anerem dem Gemengesyndikat Syvicol, der Associatioun Mouvement écologique an dem Ëmweltministère besteet, evaluéiert d‘Projeten a punkto Qualitéit an Innovatioun a vergëtt Punkten.
De Minister Serge Wilmes: “Mir mussen eis un d‘Konsequenze vum Klimawandel, deen elo schonn do ass, upassen. Mir kréie méi waarm Summeren, mir kréie Perioden, wou et méi wäert reenen an da muss eisen ëffentleche Raum och deem gerecht ginn, mat méi Beem fir Schied, fir d‘Lofttemperatur erof ze killen, mat Biedem, déi waasserduerchlässeg sinn, an net versigelt sinn. Dat ass an den heite Projeten och den Ophänker.”

All Gemeng, déi ausgezeechent gouf, krut als Präis ee Bam an eng finanziell Ënnerstëtzung vu 500.000 Euro fir hire Projet ëmzesetzen.
An der Kategorie “ëffentlech Plazen” huet d‘Gemeng Stroossen déi 1. Plaz gewonnen. An der Kategorie “ëffentlech Parkplazen” war et d‘Gemeng Esch.

D‘"Klimapakt"-Gemeng Mäerzeg, déi fir hiren Engagement am Klimaschutz a bei der Energieeffizienz mat europäeschen Energie-Präisser ausgezeechent gouf, huet also dëst Joer déi 1. Plaz an der Kategorie “Schoulhaff” kritt. Hire Projet, dee bei de Bau vun der neier Primärschoul niewendrun passt, beschreift de Mike Poiré, Buergermeeschter vun der Gemeng Mäerzeg, vill méi als ee Park, wéi elo als ee klassesche Schoulhaff: “Do hu mir mat all de Schoulpartner, e schéine, grousse Projet ausgeschafft. Keng Schoul ouni Schoulhaff. Et war vun Ufank u kloer, dass mir een naturnoe Schoulhaff, an der Natur, dee laanscht eis Turelbaach geet, géinge plangen. Dat war ee Prozess, wou jiddereen agebonne war, virun allem och d‘Kanner.”

D‘Bierger-Participatioun war der Gemeng beim Plange vum Projet ganz wichteg, wéi d’Lis Backendorf, Schoulpresidentin zu Mäerzeg, erkläert: “Mir si vun Ufank un eigentlech an där ganzer Schoulplanung mat abezu gi säitens der Gemeng, wouriwwer mir mega frou sinn, well dat net üblech ass, dass een do als Schoul esou vill matschwätze kann, wéi mir matschwätze konnten an dësem Fall. Och fir de Schoulhaff si mir vun Ufank u mat gefrot ginn. Mir hunn du gekuckt mat de Kanner am Kader vun der Maison Relais, do hu si Saachen ausgeschafft, wou si konnten hir Iddie mat era ginn, wéi si sech hire Schoulhaff virstellen. Dunn hate mir och nach een Eltere-Workshop, wou dann och d‘Eltere konnten hir Meenung matginn, wat hinne wichteg ass an engem Schoulhaff.”

De Bau vun der neier Schoul zu Mäerzeg ass ewell déck amgaang. Fir d‘Rentrée 2026 soll se offiziell opgoen. Deen Ament, gëtt de Provisorium, d‘Schoul-Containeren, déi am Schoulhaff stinn, ofgebaut. Am Januar 2027 soll de Chantier vum neien naturnoe Schoulhaff da lancéiert ginn. De Budget vum Ëmweltministère fir d‘Gemengen am Kader vum Concours z‘ënnerstëtzen, war 6 Milliounen Euro, gouf iwwer de Klimafong finanzéiert a gläichméisseg un d‘Gemenge verdeelt.

Hei déi komplett Presentatioun vun der Präisiwwerreechung als PDF!

Back to Top
CIM LOGO