No Warnung vu PolicePresuméiert Abriecher am Raum Angelsbierg konnte festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien hat d'Police d'Warnung erausginn, datt een am Raum Angelsbierg keng Leit soll mathuelen.

De Grond dofir waren zwou Persounen, déi an en Haus abrieche wollten, an déi dono op der Flucht waren. De Beamten, déi un der Sich bedeelegt waren, ass et nach am Laf vum fréie Moie gelongen, déi zwee Männer, déi der Beschreiwung no am Jogging ënnerwee waren, festzehuelen. Den Opruff un d’Populatioun gouf domadder och opgehuewen. D’Police seet der Bevëlkerung Merci fir d’Mataarbecht.

Da mellt d’Police ee Verdächtegen, deen een an der Nuecht op en Dënschdeg zu Miersch konnt stellen. Hei ware Saachen aus engem Auto geklaut ginn. De gestallte Mann, deen onkooperativ war, hat dann och déi geklaute Saache bei sech. Dës goufe saiséiert an de Mann koum en de Centre de rétention.

Abréch an Haiser gouf et dann och, esou zu Recken bei Miersch, wou den Täter iwwer eng Fënster erageklomme war a Bijou geklaut huet. Zu Hollerech gouf probéiert, eng Dier vun enger Terrass opzebriechen. Dëst war awer net gelongen, well den Täter vun de Awunner vum Haus iwwerrascht gouf.

Back to Top
CIM LOGO