Policeasaz zu Mäertert eriwwerZwee Verdächteger no Abrochsversuch gestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Méindeg de Moien am Raum Mäertert no Abriecher gesicht. Kuerz viru 7 Auer koum d'Meldung, datt zwee Verdächteger gestallt konnte ginn.
© Maxime Gonzales/ RTL Archiv

No engem Abrochsversuch zu Mäertert e Méindeg de Moien hat d'Police an deem Raum no Abriecher gesicht an d'Leit gebieden, kee mam Auto matzehuelen. Wéi et kuerz viru 7 Auer heescht, konnte Beamten zwee Verdächteger lokaliséieren a festhuelen. Den Asaz ass domat eriwwer.

Back to Top
CIM LOGO