Um 6. Dag Prozess géint e Gynekolog wäert ausgesat ginn

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch sollten eigentlech zwou vun de presuméierte Victimmen aussoen. Dozou ass et awer net komm.
© RTL

Direkt am Ufank vun der Sëtzung hunn d’Affekote vum Ugekloten eng weider Plainte wéinst Falschaussoen deposéiert. En Dënschdeg hat de fréieren, kuerzzäitegen Associé vum Ugekloten ausgesot.

Wéi schonn enger weiderer presuméierter Victimme reprochéiert d’Defense vum Ugekloten och dësem net d’Wourecht ënner Eed gesot ze hunn. Méi genee geet et dorëm, dass d’Affekoten dovunner ausginn, dass de fréieren Associé vum Gynekolog d’Plainte vun enger vun de Victimme verfaasst huet. Dëst wéinst dem Schreifstil. Béid soen awer, dass dat net de Fall wier.

D’Tribunal huet decidéiert, dass een trotzdeem nach zwou vun de presuméierte Victimmen, déi nach net gehéiert gi wieren, wéilt héieren. Dono géing de Prozess dann ausgesat ginn, fir d’Fro vun de Falschaussoen ze klären.

D’Fra, déi e Mëttwoch ausgesot huet, sot dann Angscht virum ugeklote Gynekolog gehat ze hunn. Wärend hirer Schwangerschaft wier si awer ëmmer nees zréck bei hie gaangen. An och no der Schwangerschaft ass si wuel nach eng Kéier zréck gaangen. Wärend der Befroung vun den Affekote vum Ugekloten ass et der Fra awer schlecht ginn, an d’Sëtzung huet mussen ënnerbrach ginn.

Dem ugekloten Dokter gëtt vu véier Frae Vergewaltegung a sexuell Belästegung wärend der Consultatioun reprochéiert. Dëst soll tëscht 2013 an 2018 passéiert sinn.

De Prozess geet en Donneschdeg de Mëtte mat den Aussoe vun der véierter presuméierter Victime weider.

Back to Top
CIM LOGO