Um GeriichtProzess géint fréieren Assistant social wéinst Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch

RTL Lëtzebuerg
Optakt en Dënschdeg vum Prozess géint ee fréieren Assistant social, dee sexuellen Abus a Belästegung an néng Fäll reprochéiert kritt.

De Beschëllegten, deen am Office social vun enger grousser Süd-Gemeng geschafft huet, kritt reprochéiert, Fraen, deenen hiren Dossier hien traitéiert huet, sexuell belästegt ze hunn. An engem Fall geet Rieds vun enger Vergewaltegung. En Dënschdeg um éischten Dag goufen éischt presuméiert Affer a fréier Mataarbechter um Stater Bezierksgeriicht gehéiert. Och d’Police Judiciare an en Expert an der Neuropsychiatrie hu geschwat.

Prozess géint fréieren Assistant social / Reportage Marlène Clement

D’Fäll ginn op den Zäitraum tëschent 2010 an 2019 zeréck. Den Zenario ass an alle Fäll quasi ëmmer dee selwechten. Eng Fra, déi an enger prekärer Situatioun ass, adresséiert sech un den Office Social, fir Hëllefen unzefroen. Beim éischte Kontakt am Büro mam haut 57 Joer alen Ugeklote leeft alles normal. Hie gëtt vun de Betraffenen als fein a sympathesch beschriwwen, mee “e bëssen ze fein”. Relativ séier huet de bestuete Mann a Familljepapp de Fraen, déi ausgesot hunn, ugebueden hien ze duzen. Fir Moien oder Äddi ze soen, gouf et dacks eng Bees op de Bak. Dat war "ze no", "desagreabel", beschreiwen déi Betraffen d’Situatioun.

Bei e puer Frae sollt et net bei enger Bees bleiwen. Do hätt den deemolegen Assistant social da probéiert, se a sengem Büro op de Mond ze këssen oder se unzepaken. Hien hätt och onugemellt un der Dier geschellt. Den Ugeklote seet, hien hätt Visitte bei senge Clienteë gemaach, fir ze kontrolléieren, ob an hire soziale Wunnengen alles an der Rei wier a si sech och un alles halen. Datt emol Visitten doheem géinge gemaach ginn, wier schonn normal, huet eng vu senge fréiere Mataarbechterinnen op Nofro vum Riichter confirméiert. Allerdéngs hätt de presuméierten Täter däitlech méi Visitte bei Leit doheem gemaach, wéi aner Leit aus deem selwechte Service.

Enger Cliente hätt hien iwwer véier Méint reegelméisseg geschriwwen, wéi d’Police judiciare viru Geriicht erkläert huet. Deen Echange wier relativ eesäiteg gewiescht. Den Ugekloten hätt d’Fra opgefuerdert, him plakeg Fotoe vu sech ze schécken. Hien hätt och insistéiert, fir bei si heem ze kommen. Eng Kéier wier en dunn tatsächlech bei hir doheem gewiescht an do soll et zu engem sexuellen Akt komm sinn. D’Fra seet, hien hätt si sexuell mëssbraucht. Den Ugeklote streit dat of. Hie seet, si wier domat averstane gewiescht.

No an no sinn dunn ëmmer méi Rumeuren am Office social an och an der Gemeng zirkuléiert. Eng presuméiert Victime huet viru Geriicht gesot, si hätt dem Buergermeeschter héchstperséinlech vun hirem Fall erzielt. Deen hätt awer net drop reagéiert. Nodeems awer ëmmer méi Fäll bekannt goufen a Mataarbechter aus dem Office Social de Schäfferot informéiert hunn, gouf den Ugeklote suspendéiert. Am Januar 2020 gouf op Uerder vum Parquet eng Enquête an d’Weeër geleet. Virun dräi Joer gouf de Mann vum Conseil de discipline revoquéiert. Haut schafft hien op enger anerer Plaz am soziale Beräich an enger anerer Gemeng.

De Beschëllegten huet en Dënschdeg ëmmer nees widderholl, hien hätt ganz vill Feeler gemaach. Hien hätt awer ni ee forcéiert oder menacéiert. Hien hätt geduecht, dat wier och vun der anerer Säit esou gewollt an hie wier sech senger Autoritéit net méi richteg bewosst gewiescht. An de leschte sechs Joer hätt e vill u sech geschafft, an och vill mat Therapeuten a mat senger Fra geschwat.

E Mëttwoch um 15 Auer geet de Prozess weider mat ënnert anerem nach enger Partie Zeienaussoe vun Affer.

Back to Top
CIM LOGO