BankewiesenRachat vun RBC duerch Caceis - Mataarbechter éischter erliichtert

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt gehofft, datt de Rachat duerch Caceis e Wee eraus aus enger grousser Onsécherheet ass.

Wéi gesäit d’Zukunft vun de ronn 1.000 Mataarbechter vun der Royal Bank of Canada zu Lëtzebuerg aus?

Déi Fro gëtt sech scho laang gestallt, mä se gouf elo nach méi akut, nodeems d’Salariéen dës Woch gewuer goufen, dass d’RBC vu Caceis opkaaft gëtt, zu deenen hiren historeschen Aktionären de franséische Credit agricole an déi spuenesch Santander Bank gehéieren.

Gewéinlech ass dat eng Annonce, déi Mataarbechter Suerge mécht, ma an dësem Fall sinn d’Leit awer éischter erliichtert, heescht et vun der Bankegewerkschaft ALEBA an och vum LCGB.

Et gëtt gehofft, datt de Rachat duerch Caceis e Wee eraus aus enger grousser Onsécherheet ass, mat där d’Mataarbechter schonn zënter Jore confrontéiert sinn.

Zënter 2013 goufen et bei der Royal Bank of Canada um Belval 3 Sozialpläng, dee leschten ass dëse Summer ausgelaf an eleng duerch dës Pläng goufen eng 650 Aarbechtsplazen ofgebaut.

De Rachat vun der RBC dierft net virum 3ten Trimester dat anert Joer ofgeschloss sinn, heescht et op Gewerkschaftssäit.

Den Dossier muss elo de legale Wee goen, dozou gehéiert ënnert anerem och e Feu Vert vun der CSSF, der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur.

Back to Top
CIM LOGO