Paulette Lenert am RTL-InterviewReaktioun op Kriticke vun der AMMD: "Mir leien effektiv net op enger Linn"

RTL Lëtzebuerg
D'Gesondheetsministesch huet am RTL-Moiesjournal op d'Kriticke vun der AMMD um Projet de loi vum sougenannte Virage ambulatoire reagéiert.
© RTL Archivbild

D’Paulette Lenert ass zefridden, datt d’nächst Woch de Gesetzprojet iwwer de sougenannte “Virage ambulatoire” an der Chamber ka gestëmmt ginn. Dat si jo medezinesch Soinen a Servicer baussent de Spideeler. Dialys oder Radiologie falen do drënner. Den néidegen Avis vum Staatsrot koum en Donneschdeg eraus. De Staatsrot warnt allerdéngs, datt Plainten um Verwaltungsgeriicht méiglech sinn. D’Paulette Lenert mécht sech doriwwer keng Gedanken, wéi si seet, wär dat näischt, wat hir Angscht mécht.

D’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren nennt dat Ganzt e verfeelte Gesetz. Um Enn vun der Legislaturperiod géif d’Regierung an Aktionismus verfalen a géif wëllen e Gesetz duerchboxen, dat de Patienten an dem Gesondheetssystem weider géif schueden, hat d’AMMD e Mëttwoch an engem Communiqué geschriwwen.

D’Doktere vun der AMMD sinn op alle Fall net zefridde mat deem, wat geplangt ass. Déi Antenn muss jo u Spideeler ugekoppelt sinn. Fir si wier awer ganz kloer, datt Investitiounen a Milliounenhéicht vun ëffentlecher Hand finanzéiert ginn an de kommerziellen Drock erausgehale gëtt, ënnersträicht d’LSAP-Ministesch.

Si hëlt deemno d’Kritik zur Kenntnis, mä wëll, dass déi concernéiert ambulant Strukturen, wou zum Beispill IRMe bedriwwe ginn, un d’Spidolsgruppe ralliéiert bleiwen. De Beräich vum Service extra-hospitalier wier deen Ament e reegelrechte Paradigme-Wiessel, seet d’Paulette Lenert. Et wier un enger nächster Regierung ze entscheeden, ob een dee Wee wéilt goen oder net.

Den aktuelle Gesetzprojet wäert e Freideg de Mëtteg an der zoustänneger Chamberkommissioun Sujet sinn a soll d’nächst Woch um Krautmaart gestëmmt ginn.

AMMD mat Appell un Deputéiert, fir géint dat Gesetz ze stëmmen

Onstëmmegkeeten Virage Ambulatoire/Reportage Annick Goerens

D‘Doktesch an Zänndokteschassociatioun schwätzt dogéint vun enger planwirtschaftlecher Approche, vun uewen erof, vum Staat diktéiert, déi net vereenbar wier mat der liberaler Ausübung vum Dokteschberuff.

„Um Gesondheetsdësch sollt et ëm eng Complementaritéit goen tëscht baussent dem Spidol a bannent dem Spidol. Dat ass an dësem Gesetz alles an d‘Spidol era verfracht ginn. Mir si kritesch par Rapport zu där Approche, well d‘Leit, ëm déi et geet, kréien heimat awer net esou schnell e besseren Accès, wéi eis Propose et gewiescht wier. Leider sinn eis Solutiounen net berécksiichtegt ginn oder iwwerhaapt mol diskutéiert ginn.“

Dofir ass et den Appell vun der AMMD un d‘Deputéiert, déi nächst Woch d‘Gesetz solle stëmmen, fir a sech ze goen a sech ze froen, ob dëst wierklech e Projet ass, deen de Leit géing hëllefen. Si kéinten dëst elo nach stoppen an de Wee fräi maachen, fir eng konstruktiv Diskussioun all den Acteuren, sou den Dr Alain Schmit.

“Virage ambulatoire": AMMD rifft Deputéiert op, “verfeelten” Gesetz ze stoppen

Back to Top
CIM LOGO