
D’Red Snapper Steaks” vun der Mark Perfit, mat dem Haltbarkeetsdatum 10/04/2027 (MHD) a mat der Lousnummer 25-00409, ginn zeréckgeruff.
De Produit, deen zu Lëtzebuerg a verschiddene Butteker verkaaft gouf, kéint Ciguatoxinen enthalen. Et ass een neurologescht Gëft, dat zu Liewensmëttelvergëftunge féiere kann. Wann een de Produit giess huet a Symptomer spiert, soll een net zécken, bei den Dokter ze goen.
Wien de concernéierte Produit doheem leien huet, gëtt gebieden, en zeréck an de Buttek ze bréngen, wou si hir Suen zeréckkréien.