Aus dem BulletinCGDIS mellt ee Blesséierte bei véier Bränn

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vun Esch-Uelzecht waren direkt dräi Mol bei den Asätz um spéide Mëttwoch respektiv an der Nuecht op en Donneschdeg gefuerdert.
© Laurent Weber

Am Lokale mellt de CGDIS en Zëmmerbrand en Donneschdeg den Owend géint 17:30 Auer zu Keel. D'Ekippe vun Diddeleng, Keel, Rëmeleng an Esch waren am Asaz. Et ass beim Materialschued bliwwen.

Genee wéi och zu Bungeref, wou kuerz virun 21 Auer Botte gebrannt hunn. Hei waren d'Pompjeeë vu Rammerech, Bauschelt, Réiden, Wolz an aus der Stauséigemeng am Asaz

Ee Blesséierte gouf et dem Bulletin vum CGDIS no awer kuerz no 1 Auer an der Nuecht zu Esch um Boulevard Aloyse Meyer. Hei hat Offall gebrannt, dee vun de lokale Pompjeeë geläscht gouf. Méi fréi am Dag waren d'Escher Rettungsdéngschter schonn eng Kéier am Asaz, dat nodeem en Auto zu Déifferdeng en eCall erausginn hat. Blesséiert gouf op där Plaz awer keen.

D'Stater Ekippe waren dann géint 2:30 Auer zu Gaasperech am Asaz, well hie en Auto gebrannt huet. Hei mellt de CGDIS och kee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO