E Freideg de Moie géint 11.30 Auer huet an der Rue de Lasauvage zu Rodange en Automobilist d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass frontal an e Bam gerannt.
D'Secouristen hunn de Chauffer mussen aus sengem Auto schneiden. E gouf éischten Informatiounen no mat schwéiere Blessuren an d'Spidol bruecht.
D'Streck huet mussen am Kader vun de Rettungsmoossname fir den Trafic gespaart ginn. Géint 13 Auer ass d'Streck nees opgemaach ginn.