Mann am Garer QuartierSchued u Garagendier gemaach, Polizist an Aarm gebass

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg hat sech eng Fra an der Stad beschwéiert, well ee Mann d'Dier vun hirer Garage beschiedegt hätt.
De Mann gouf wéinst sengem aggressiven Optriede immobiliséiert. Dobäi huet hien e Polizist an den Aarm gebass.
© Laurent Weber

Eng Policepatrull konnt de presuméierten Täter doropshin am Garer Quartier fannen. De Mann huet sech direkt aggressiv géintiwwer de Beamte gewisen an huet missen immobiliséiert ginn. Dobäi huet hien engem Polizist an de rietsen Aarm gebass. Och beim Transport huet de Beschëllegte weider haart protestéiert. Eréischt um Policebüro huet hie sech berouegt.

De blesséierte Polizist war fir eng Kontroll an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO