
Hie soll Fraen, déi beim Office social ëm Hëllef gefrot hunn, sexuell mëssbraucht respektiv belästegt hunn. An engem Fall kritt hie Vergewaltegung virgehäit, an deenen aneren aacht Fäll "Attentat à la pudeur" mat Gewalt a Menacen.
"En Assistant social, deen de Misär vun den Affer ouni Skrupel ausgenotzt huet", esou de Maître Lehnen, dee véier Frae vertrëtt, déi sech Partie civile constituéiert hunn. Si hätte mat hirer Ausso nach emol e schwéieren Ament erlieft.
Onofhängeg vuneneen an ënner Eed hu si dat selwecht Bild vum Ugeklote gezeechent. E Mann, dee fir d'éischt fein gewiescht wier, si dann awer bei sech am Büro oder bei Visitten Doheem, déi net ëmmer annoncéiert waren, ugepaakt hätt. Un der Hand, un de Been, un der Broscht...
Eng Fra seet, de fréieren Assistant social wier eng Kéier bei si Heem komm, wéi d'Kanner an der Schoul gewiescht wieren an hätt si vergewaltegt. Si hätt kloer gesot, datt si net domadder averstane wier, mä de Mann hätt gesot, si soll roueg bleiwen an hie wier e gudde Frënd vum Buergermeeschter. D'Madamm hätt doropshin Angscht gehat, d'Haus ze verléieren, dat si duerch d'Hëllef vum Ugeklote kritt hat.
Eng fënneft Fra, eng Madamm mat kierperlechem Handicap, konnt viru Geriicht net aussoen, well déi emotional Belaaschtung ze grouss war. Doropshi gouf de Video gewisen, deen opgeholl gouf, wéi si hir Ausso beim Enquêteur gemaach huet. Dodran huet si erzielt, datt si déi éischte Kéier, wéi si an den Office social gaangen ass, hiert Meedche mat hat. Dunn hätt si kuerz drop en zweete Rendez-vous misse maachen an do hätt den Ugeklote si zum Beispill gefrot, wéi si et gären am Bett hätt an hätt gesot, si soll äntweren, well hie géif d'Fiedem zéien. Hie wier och onugemellt bei si Heem komm, just no enger Operatioun an hätt si ugepaakt. Et wier esou eekeleg gewiescht, datt si sech mat Esseg gewäsch hätt. "Hien huet mech komplett futti gemaach, mä wéinstens deet hie kengem anere méi eppes."
Den Ugekloten huet net vill anescht gesot wéi e Méindeg. Hien hätt vill Schued ugeriicht, Feeler gemaach, mä ganz vill Saache wieren net wouer. Hien hätt ni engem wéigedoen an hätt och ni Konditioune gestallt, fir de Fraen ze hëllefen. De President vum Geriicht huet hien allerdéngs drop higewisen, datt de Schema ëmmer dee selwechte war.
Eng vun de Fraen huet bei der Ausso vum Ugekloten esou gekrasch, datt si iergendwann de Sall verlooss huet.
Den Affekot, deen déi véier Frae vertrëtt, huet och drop higewisen, datt am Ugeklote sengem Büro am Office social Kondomer a Crème fir den Intimberäich fonnt goufen.
Den Affekot vun der betraffener Gemeng an dem Office social fuerdert, datt den Ugekloten déi ronn 480.000 Euro zeréckbezilt, déi hien an deenen dräi Joer bezuelt krut, an deenen hie suspendéiert war.
En Donneschdeg de Moien um 9 Auer geet et mat deem Punkt virun.
RTL-News vum 25.6.25: Prozess géint fréieren Assistant social wéinst Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch