CGDISSechs Accidenter an der Nuecht op e Sonndeg, zwou Persoune blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdegowend bis an de fréie Sonndegmoien eran haten d'Rettungeskippe vum CGDIS vill ze dinn.
© Laurent Weber

Insgesamt sechsmol hat et op eise Stroosse gerabbelt, dobäi sinn insgesamt zwou Persoune blesséiert ginn.

En éischten Accident gouf et um 21.27 Auer um Rond-Point Raemerich zu Esch, wou en Auto an e Bam gerannt ass. Hei waren d’Escher Pompjeeën an d’Schëfflenger Ambulanz am Asaz. Um 1.34 Auer ass dunn an der Lonkecher Strooss zu Rodange eng Persoun blesséiert ginn, wéi en Auto an aner geparkte Gefierer gerannt ass. D’Secouriste vu Péiteng a Suessem-Déifferdeng hu sech drëms bekëmmert.

Jeeweils een accidentéiert Gefier gouf et dann eemol an der Zolwer Strooss zu Bieles um 1.44 Auer an um 4.26 Auer zu Ettelbréck an der Rue Prince Henri. Dobäi ass awer kee blesséiert ginn. Zu Bieles waren d’Rettungsekippe vu Suessem-Déifferdeng an Esch op der Plaz, zu Ettelbréck déi vun der Nordstad.

Zwee Asätz gouf et dann nach fir de Stater CGDIS: Um 2.46 Auer ass op der A4 a Richtung Esch teschent Märel an dem Zéissenger Kräiz en Auto géint d’Leitplank gerannt. Um 4.33 Auer louch an der Eecher Strooss an der Stad en Auto op der Kopp an eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO