
Direkt sechs Leit sinn an der Nuecht op e Sonndeg an engem Accident zu Konter a Richtung Mutfert um 3 Auer blesséiert ginn. Detailer zum Virfall feelen nach.
De CGDIS deelt just mat, datt en Auto op d'Kopp gaangen ass an datt nieft de lokale Rettungsdéngschter och de SAMU op der Plaz war.
Ëm wien et sech bei de Blesséierten handelt, ass bis elo net gewosst.