
Am Video, deen en Dënschdeg publizéiert gouf, héiert a gesäit een de José Sanchez. De Mann vu 47 Joer wollt u sech just säi médico-sportif erneieren, deen Enn 2022 ofgelaf ass, fir och dëst Joer nach American Football bei de Steelers zu Diddeleng kënnen ze spillen.
Ma fir déi Responsabel vum Service médico-sportif ass de José Sanchez ze schwéier. Hie muss sech an der “clinique de l’obésité” mellen, déi hie bei e Psychiater schéckt.
“Ass dat e Witz?”, huet de José sech a sengem Video gefrot. "Si froe mech, fir bei de Psychiater ze goen, well si fannen, datt ech ze déck sinn, fir Sport ze maachen?” De José Sanchez spillt elo zanter dräi Joer schonn American Football beim Veräin zu Diddeleng, deen eenzegen hei am Land, a wollt just seng Lizenz verlängeren. Fir dat ze maachen, muss een zu Lëtzebuerg awer och ëmmer nees erëm beim Sportsdokter, am Volleksmond och Médico genannt, passéieren. Dëst huet de José Sanchez schonn e puer Mol hannert sech bruecht gehat. Ma eng Äntwert wéi dës Kéier hat sech de Footballspiller net erwaart.
“Ech sinn dovunner ausgaangen, datt si mech wéi ëmmer bei de Kardiolog fir en Test schécken”, esou de Sportler am Interview mat de Kolleege vun RTL Infos. Zanter jonkem Alter spillt hien American Football an ass och laang Kayak gefuer. “Ech fille mech gutt a Form”, seet hien. D’Steelers vun Diddeleng spillen aktuell an der däitscher Liga mat, well et hei am Grand-Duché kee Championnat am Football gëtt. Aktuell gesäit et gutt aus fir d’Ekipp aus dem Süde vum Land, am September kéint een nämlech an der Finall stoen “an ëm den Opstig an déi véiert Liga spillen”, esou de José Sanchez. Nach éier hie bei de Médico gaangen ass, seet hien am Interview, hat hien e Blutttest gemaach an domadder geduecht, datt alles an der Rei wier.
Dat sollt sech no sengem Besuch beim Médico den 12. Juni 2023 awer änneren. Wéinst engem “avis obésité” soll hie säin Dokter kontaktéieren a sech bei der “clinique de l’obésité” mellen. Grond fir dës Feststellung vum Dokter ass dem José Sanchez säi BMI, deen ze héich ass. Hie fält hei an d’Kategorie “méisseg Fettleiwegkeet” bei engem BMI vu 34,3. Dobäi hätt säi Gewiicht sech par rapport vu sengem leschte Kontroll virun 3 Joer net wierklech verännert, erkläert de José Sanchez. Deemools awer war dat keen esou ee Problem, de medezineschen Accord fir eng Sportlerlizenz ze kréien. En plus spillt de José am Football eng Positioun, wou ee säi Gabarit brauch, fir effektiv ze sinn.
Nodeem hien d’Resultat krut, ass hien den 18. Juli an d’Klinik fir Fettleiwegkeet am CHL gaangen. Do krut hien un d’Häerz geluecht, sech e Rendez-vous bei engem Sportsdokter ze huelen, ma och eng Dieteticienne, e Pneumolog an esouguer e Psychiater misst hien an dësem Parcours vun der Klinik opsichen. “D’Infirmière huet mer erkläert, datt ech e Psychiater misst opsichen, fir festzestellen, ob ech keng Iessstéierung hunn”.
De Sportler huet sech bei der ganzer Affär humiliéiert gespiert. “De Questionnaire, deen ech hu missten ausfëllen, huet mech un een erënnert, deen een enger Persoun virleet, déi de Mo verklengert soll kréien.” De José Sanchez hat d’Gefill, wéi wann d’Doktere sech hei d’Sue wéilten opdeelen... déi d’Sécurité sociale bezilt. Fir dono och nach e Rendez-vous bei engem Psychiater ze kréien, kann awer daueren. “Bis wuel Enn 2024”, fäert de Footballspiller, deen hei am Land och als DJ bekannt ass.

De José Sanchez ass awer hei bei wäitem keen Eenzelfall, deen esou vum Service médico-sportif, deem dem Sportministère ënnersteet, behandelt gëtt. “Et ass egal wat. Et muss sech wierklech eppes zu Lëtzebuerg veränneren, well et ass net gutt, wat si hei maachen,” sot hie schonn a sengem Video an de soziale Medien. Am Interview mat RTL Infos huet de Footballer da präziséiert, datt hien duerch de Sport net ofhuele wéilt, mä einfach Sport maachen. “Ech fille mech gutt a mengem Kapp. Ech hu kee Problem mam Gewiicht. Ech akzeptéiere mäi Kierper, wéi en ass. [...] Ech hu sécher e bësse Bauch, ma awer och Muskelen. An a Sportaarte wéi dem American Football oder dem Rugby brauch ee Leit vun all Gabarit.”
Hie fäert, datt ee beim Service Médico an domadder och beim Sportsministère jonk Leit dovunner ofhält, fir Sport ze maachen, well si als ze déck agestuuft ginn. “Domadder muss een ophalen!”. Hie selwer ass Zeie vun esou engem Fall bei de Steelers ginn: E jonke Mann, ronn 2 Meter grouss, 47 oder 48 am Fouss an ëm déi 150 Kilo... “Hie gouf wéi ech vum Médico blockéiert”.
Aktuell ass de José Sanchez sportlech gesinn op Bewärung. Vum Médico krut hien d’Erlabnis, bis den 12. September 2023 ze spillen. Sollt hie bis dohinner awer net all d’Statioune vun den Dokteren duerch hunn, wäert hien no deem Datum bis op Weideres wuel net méi um Terrain dierfe stoen.
E groussen Deel vum José Sanchez senger aktueller sportlecher Situatioun a Problem ass d’Auswäertung vum Body Mass Index, op dee sech de Médico-Sportif baséiert. Ma datt ee sech eleng op de BMI berifft, ass scho méi laang och international héchst ëmstridden, well dësen dach einfachen Exercice, fir d’Ermëttlung vun ongesondem Kierpergewiicht auszerechnen, vill supplementär wichteg Parameter, wéi ënner anerem Muskel- a Fettundeeler, einfach ignoréiert. Fir de BMI ziele just d’Gewiicht an d’Gréisst.
Dofir wier et fir de José Sanchez un der Zäit, datt de Sportsministère seng Reegele vum BMI eng Kéier iwwerschafft. Dobäi soll een dann och d’Besoine vun all Sportaart consideréieren, “amplaz sech just op eng generell Reegel ze baséieren”, ënnersträicht hien.
RTL hat Mëtt der Woch beim Service médico-sportif en Interview ugefrot. Bis ewell ass déi Ufro awer ouni Äntwert bliwwen.
Link: Liest den original Interview op Franséisch bei de Kolleege vun RTL Infos