
Dat sot hie selwer an engem Interview mat Paperjam. Déi entspriechend EU-Direktiv recommandéiert, datt de Mindestloun entweder 50% vum Duerchschnëttsakommes soll entspriechen oder 60% vum Median.
Den onqualifizéierte Mindestloun läit aktuell bei 2.700 Euro. Paperjam schreift, datt mam Median als Referenz de Mindestloun tëscht 2.900 an 3.160 Euro géing leien.
Mam Duerchschnëtt als Referenz wieren et 3.375 Euro. Dat alles géing awer nach am Regierungsrot a mat de Sozialpartner diskutéiert ginn.
D’Patronat seet, de Mindestloun dierf op kee Fall klammen. Den OGBL verlaangt eng Hausse vun 10%.