D’Spideeler wieren net iwwerfinanzéiert, seet iwwerdeems de President vun der Spidolsfederatioun FHL, den Dr Marc Berna. “Mir ginn eis scho Méi ,fir esou effizient ze schaffe wéi et geet, fir d’Käschten esou geréng ze hale wéi et geet. Ech géing soen, si si korrekt finanzéiert.”
Annerhallef Milliard Euro gesäit den CNS Budget 2025 fir d‘Spideeler vir. Jidder Klinik huet eng op si zougerechent Enveloppe. Dës gëtt all zwee Joer frësch berechent an deckt d’Fonctionnementskäschten of.
Fix Fraise, wéi medezinesch Apparater beispillsweis, Personal fir d’Fleeg, d’Administratioun a variabel Käschte Verbrauchsmaterial oder Stroum. An och aner fix Fraise fir den Ënnerhalt vum Gebai an den Alentouren, also och d’Gäertner oder d’Revisioun vun de Liften Installatioune sinn an der Enveloppe virgesinn.
Fir all Aktivitéitsberäich, d’Radiologie oder den OP zum Beispill, gëtt ee Budget berechent opgrond vun der Zuel vun erwaarte Patiente-Passagen. Den LIH berechent wéi vill Personal gebraucht gëtt. “Déi zweet Saach, dat sinn d’variabel Fraisen, dat ass dat ganzt Verbrauchsmaterial. Do gëtt gekuckt, wat ech am ganzen OP-Beräich brauch, an da gëtt dat op all eenzele Passage erofgemëttelt an do gëtt dann e Mëttelwäert gerechent an dat gëtt mer da mäi Passage am Bloc operatoire,” erkläert den Dokter Berna.
2 Prozent vum Budget ass u Qualitéitskrittäre geknäppt. Fir déi Primme ze kréien, muss all Spidol gewëssen Objektiver erfëllen. Zuel vu Césarienne soll beispillsweis net ze héich sinn. Dofir awer méiglechst vill Arthroskopien ambulant gemaach ginn.
Net am Spidolsbudget abegraff sinn d’Dokteschkäschten. 736 Milliounen Euro gesäit den CNS-Budget dëst Joer vir. All Dokter fakturéiert seng eege Mémoires d’honoraires. Onofhängeg dovun, ob Spidolsdokter oder net, liberal oder salarié.
An och d’Spidolsdokteren bezuele fir hire Cabinet Loyer, grad wéi fir hiert Personal an hir Ekipementer. Esou wéi hir Kolleegen ausserhalb. Hire Virdeel ass, datt si sougenannt Plateau Techniquen, wéi Endoskopie, IRM oder Operatiounsraim vum Spidol kënnen notzen. Als Géigeleeschtung missten do awer och d’Patiente 7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24 kënnen en charge geholl ginn, betount den Dokter Berna.
Aus Zuelematerial vun der IGSS geet ervir, datt d’Ausgabe vun de Spideeler an de leschten 10 Joer manner séier gewuess sinn, wéi Dokteschausgaben. Riets geet vun enger Moyenne vu 6,5 Prozent fir d’Spideeler a vu 7,6 Prozent fir d’medezinesch Soinen.
An Zukunft solle verschidde kleng Operatiounen un der Haut oder un den Aen och ausserhalb a lassgeléist vun de Spideeler finanziell ënnerstëtzt ginn. Dem AMMD-President no kéinten Agrëffer am Extrahospitalier fir een Drëttel vun de Käschte gemaach ginn.
Mam “Passage au Bloc operatoire” verglach, dee jo am Spidol e Mëttelpräis vun de reelle Fraisen duerstellt an awer dat Selwecht kascht, egal ob elo ee klengen, einfachen Agrëff oder eng schwéier Operatioun, dierften d’Käschten am Extrahospitaler effektiv manner héich ausfalen, seet de President vun der Spidolsfederatioun. Um Enn géif et global gesinn, fir de System awer op dat selwecht erauskommen, mengt de President vun der Spidolsfederatioun Dokter Berna.
“Wann ech elo higinn an ech huelen Akten eraus, déi manner wéi d’Moyenne kaschten, dann ass et kloer, dass ech déi dobausse méi bëlleg ka maachen”, esou den Dokter Berna. Dofir géifen d’Mëttelpräisser vun den Agrëffer am Spidol awer eropgoen. “Esou datt fir de System, global gesinn, dat Ganzt op dat selwecht erauskënnt.”
Opgrond vu rezenten Erfarunge vun engem Radiologie-Site baussent dem Spidol rechent den FHL President mat 10 Prozent Aspuerpotential am Extrahospitalier. Ënner anerem well déi Strukture manner komplex wiere wéi déi vun enger Klinik, e bëssen Zäit gespuert an d’Käschte vun de Gebailechkeete manner deier kéinte sinn.
Ee Spidol huet awer och kommerziell Surfacen, wéi Restauratioun, een Zeitungsbuttek oder Parking. De Bau an den Ënnerhalt vun dëse Fläche gëtt weder vum Staat nach vun der CNS finanzéiert. Am Fall vun den Hôpitaux Robert Schuman beispillsweis wär d’Fondatioun vun den HRS zoustänneg. Si kritt och d’Loyeren. Suen déi ënner anerem fir medezinesch Innovatiounen am Spidol investéiert ginn.