
D’Stad Diddeleng huet e Méindeg de Mëtteg op Facebook een Zeienopruff lancéiert. Wéi am Bäitrag ze liesen ass, wier iwwert de Weekend um CR160 Direktioun Zoufftgen op der Héicht vum fréieren Douaneshaischen illegal Sperrmüll entsuergt ginn.
Wien eppes zu dësem Virfall sollt gesinn hunn, ass gebiede sech iwwer Telefon beim Bannhidder op de 621 496 202 oder beim Fierschter op de 621 202 138 ze mellen.