D'Fouer geet haut un! E Freideg de Moien ass den zoustännege Stater Schäffe Patrick Goldschmidt eisen Invité vun der Redaktioun. Mat him schwätze mer awer haaptsächlech iwwer d'Mobilitéit, mee och de Wunnraum an der Stad. An der Hallschent vun der kommunaler Legislatur froe mir hie wéi hien Auto, ëffentlechen Transport a Mobilité douce weider wëll ënner een Hutt kréien an de Leit en Daach iwwer dem Kapp an der Stad wëll erméiglechen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.