
Viru 14 Deeg, respektiv d’lescht Woch wier ee mat temporäre Rupturë konfrontéiert gewiescht, seet d’Vizepresidentin vum Apdiktersyndikat Danielle Becker-Bauer. Ënnert anerem Kanner-Sirop op Paracetamol-Basis wier zäitweileg net ze kréie gewiescht. Et hätt een awer ëmmer eng alternativ Léisung fonnt.
Anescht wéi a Frankräich huet d’Santé bis elo keng spezifesch Consignen un d’Apdikten erausginn. Et géif een d’Stocke vum Paracetamol genee am An behalen, fir de Fall gesat, séier reagéieren ze kënnen. Den Ament géif et sou ausgesinn, wéi wa sech de Problem bei de Retarde bis Enn August léise géif.
Lëtzebuerg bezitt Paracetamol aus der Belsch an an Däitschland. Grad wéi Frankräich waren och dës Länner mat Approvisionnementsproblemer konfrontéiert. Hannergrond sinn engersäits Produktiounsschwieregkeeten an anerersäits eng héich Demande notamment, wéinst Covid.
An den Ae vun der Vizepresidentin vum Syndikat vun den Apdikter Danielle Becker-Bauer, weisen déi ablécklech Enkpäss wéi problematesch d’Ofhängegkeet vun Drëttlänner a sensibele Beräicher wéi der Gesondheet ass. Et sollt ee sech och als Lëtzebuerger Land Gedanke maachen, ob et net opportun wier Pharmaentreprisen hei am Land unzesidelen.
Wéinst den Approvisionnementsschwieregkeeten hat déi franséisch Medikamentenagence Mëtt des Mounts den Export vu Paracetamol gestoppt an un d’Apdikten appelléiert, hir Commanden ze limitéieren.