
Den éischten Informatiounen no huet e Chauffer hei nom Tunnel, fir op Esch-Sauer ze fueren an enger liichter Lénkskéier d’Kontroll iwwert säin Auto verluer. Hien ass doropshi vun der Strooss ofkomm an huet sech e puer Mol mat sengem Gefier iwwerschloen, éier dëst am Gestrëpp un d’Stoe komm ass.
Wéi am Bulletin vum CGDIS ze liesen ass, sinn zwou Persoune beim Accident blesséiert ginn. Nieft de Pompjeeë vu Géisdref a Wolz an den Ambulanciere vu Wolz a Réiden war och de Rettungshelikopter am Asaz.