Police confirméiertTëscht Fenteng a Bierchem ass eng Persoun laanscht d'Gleise getrëppelt

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Fenteng a Bierchem gouf et en Dënschdeg am Nomëtteg een Asaz bei den Zuchgleisen, wéi eng Spriecherin vun der Police eis confirméiert huet.
© Karin Blasen-Reinesch (Archiv)

Géint 18.30 Auer wier eng Persoun gemellt ginn, déi laanscht d’Schinne géif trëppelen. Doropshi wier eng Policepatrull op d’Plaz gefuer an hätt déi gemellte Persoun dann och ugetraff. Si gouf doropshi matgeholl, esou datt fir si keng Gefor méi bestanen huet.

Back to Top
CIM LOGO