Vandalismus zu EppelduerfTrach express beschiedegt, Police sicht no Zeien

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem 30. Juni an dem 3. Juli koum et op engem Feld zu Eppelduerf zu engem Akt vu Vandalismus, bei deem en Trach, aus deem d'Béischte drénken, express beschiedegt gouf.
© Police Lëtzebuerg

Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, ass dat ganzt um Terrain "Op der Bëls" geschitt. Zeien, déi eventuell hëllefräich Informatiounen heizou hunn, si gebiede sech beim Policebüro Dikrech/Veianen ze mellen, ënnert der Nummer (+352) 244 80 1000 oder per Mail u police.diekirchvianden@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO