CGDISUm Kazebierg zu Esch huet e Jacuzzi gebrannt

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS erwäänt a sengem Bulletin verschidden Accidenter esou wéi e puer Feier.
© Laurent Weber

No 11 Auer e Mëttwoch de Moien huet zu Esch um Kazebierg e Jacuzzi gebrannt. D’Ekippe vun Esch, Schëffleng an Diddeleng waren am Asaz, blesséiert gouf keen. D’Ekippe vum Findel waren dann kuerz no 13 Auer am Asaz, well Damp an engem Fliger detektéiert gouf. Si kruten Ënnerstëtzung vun de Stater a Jonglënster Pompjeeën. Géint 15.30 huet dann en elektrescht Gerät zu Schuller gebrannt. D’Ekippe vun Dippech, Koler, Péiteng, Suessem-Déifferdeng a Mamer waren op der Plaz.

Da stinn awer och verschidden Accidenter am Bulletin vum CGDIS. Esou ass géint 11.20 Auer zu Wolz e Camion ëmgefall. D’Wëlzer Rettungsekippen hunn eng Persoun behandelt. Zwee Blesséierter dann tëscht der Lëpschter-Dällt an dem Fridhaff, nodeem zwee Autoe frontal anenee gerannt waren. D’Ekippen aus der Nordstad, Buerschent an d’Air Rescue waren hei am Asaz.

Zwee Autoen waren och vun Diddeleng aus a Richtung Suuftgen am Coup. D’Ekippe vun Diddeleng mellen hei zwee Blesséierter. Eng Persoun gouf tëscht de Rond-pointe Bomecht a Bartreng blesséiert, wéi dës mat hirem Won an e Potto gerannt ass. D’Rettungsdéngschter vu Mamer a Bartreng goufen op d’Plaz geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO