Iwwerfall op Geldtransporter simuléiertUm Mëttwoch gouf mat belsche Kolleegen eng éischt Übung vum Plang "Grenzalarm" duerchgefouert

RTL Lëtzebuerg
Den Exercice sollt de Grenzdispositiv ënner reelle Konditiounen testen. Dofir gouf een arméierten Iwwerfall op e Geldtransport zu Lëtzebuerg simuléiert.
© Police

D’Täter si mat engem Gefier geflücht an hu probéiert, iwwer déi belsch Grenz ze kommen, éier si sech a Richtung Norde vum Grand-Duché beweegt hunn.

Op Lëtzebuerger Säit waren d’Direktioun vun den Operatioune vun der Police an den Nationalen Interventiounszenter (CIN) fir d’Koordinatioun vun der Übung zoustänneg, déi tëscht 8:30 an 12 Auer gemaach gouf, fir d’Zesummenaarbecht an d’Reaktioune vu béide Länner ënner reelle Bedéngungen ze testen.

Back to Top
CIM LOGO