“Dës Regierung ass elo zënter zwee Joer am Amt a wa se nach keng gréisser Sauereie fäerdeg bruecht huet, ass et just wéinst eisem Widderstand.”
Dat huet d’OGBL-Presidentin Nora Back um Dënschden den Owend virun enge 700 Leit ënnerstrach, déi op enger Delegéiertekonferenz vun der Gewerkschaftsfront waren. Zesumme mam LCGB-President Patrick Dury huet si d’Fuerderunge vun der Union des Syndicats virgestallt.
Eng 10 Punkten: vun der Aarbechtszäitverkierzung, iwwert d’Rouzäiten, d’Pause wärend dem Aarbechtsdag, d’Referenzperioden, d’Iwwerstonnen an 30 Deeg, also sechs Woche legale Congé d’Joer.
Dës Fuerderunge sinn eng Zort Géigegewiicht zu deem, wat d’Patronat op den Dësch geluecht huet. D’Patronen, déi mat ëmmer méi radikale Revendikatioune géife kommen an am léifsten all Forme vu Pausen a Rouzäite géifen ofschafen. Si wieren der Meenung, datt d’Leit alleguer net genuch géife schaffen, datt se alleguer aus Prinzip liddreg wieren an alleguer méi misste schaffen. D’Patronen, déi am léifsten hätten, wann d’Leit schéi roueg am Hannergrond wieren. Gutt a leeschtungsstaark fir hir Gewënner ze erwirtschaften.
De Patrick Dury huet als Co-President vun der Gewerkschaftsfront ënnerstrach, datt de Fuerderungskatalog vun der Gewerkschaftsfront de Mënsch a seng Famill an de Fokus stellt. E wier am strikten Intérêt vum Salarié a géif fir anstänneg Aarbechtskonditioune stoen. E géif awer och am Déngscht vun de Betriber stoen, well d’Patrone géifen heiansdo vergiessen, datt zefridde Salariéen, déi d’Balance tëschent Aarbecht a Familljeliewe packen, essentiel wiere fir d’Reussite an déi nohalteg Entwécklung vun de Betriber.
D’Unioun vun de Gewerkschaften huet och ënnerstrach, datt d’Gesondheet hiren nächste grousse Match géif ginn. E Sujet, bei deem et ëm dat Wichtegst géif goen, wat de Mënsch huet.