A priori schéngt de Bësch an der Stad jo genuch Plaz ze hunn. An awer bleift den Naturschutz enorm wichteg. Wann ee sech un Zeene vum éischte Corona-Joer erënnert, kann engem de Stater Bësch scho leed doen.
Dobäi ass déi gréng Long virun allem do, fir d’Besoine vun der Gesellschaft z’erfëllen, natierlech ouni dass de Naturschutz ze kuerz kënnt.
Wéi de Stater sech säi Bësch virstellt, wëllen Naturverwaltung a Stad Lëtzebuerg elo iwwer eng Online-Ëmfro gewuer ginn.
De Sondage misst vun dëser Woch un online sinn. An dat bis am Oktober. Eng Ëmfro fënnt een um Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg den Ament nach net.
Wéi stellen d’Stater sech dee fir si optimale Bësch vir? Fir en Deel vun de Lampertsbierger gehéiert eng Brécke-Verbindung fir Vëlo a Foussgänger mam Bambësch dozou.
De Mobilitéits- an Ëmweltschäffe Goldschmidt mam leschte Stand.