
Dat huet den Europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg nach eng Kéier festgehalen. D‘Faite vun dësem Kartell, zu deem nieft der Lufthansa an Air France-KLM och déi Lëtzebuerger Cargolux gehéiert huet, ginn op d‘Joren 1999 bis 2006 zeréck. 2010 hu si dofir dann och eng Strof vu knapp 800 Milliounen Euro vun der EU-Kommissioun kritt. No villem Hin an Hier ass dann d‘Decisioun aus éischter Instanz confirméiert ginn.