CGDIS melltVéier Blesséierter am Stroosseverkéier en Dënschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et en Dënschdeg den Owend eng Partie Blesséierter op eise Stroossen.
© Laurent Weber

Op der Tréierer Autobunn krute sech am Beruffstrafic ëm 17.20 Auer zwee Ween ze paken, dat tëscht Mënsbech a Fluessweiler. Et gouf ee Blesséierten an eng Ambulanz vu Mäertert war do.

Tëscht Näertrech an Déierbech um CR329B war géint 18.25 Auer en Automobiliste vun der Strooss ofkomm a krut e Bam ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert an eng Ambulanz vu Wolz koum op d’Plaz. E ganz änleche Virfall gouf et dann och ëm kuerz viru Mëtternuecht zu Munneref an der Avenue Marie Adelaide. Och hei gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech eng Ambulanz vu Réimech gekëmmert huet.

Um Gaasperecher Kräiz op der A3 a Richtung Metz war géint 22.45 Auer e Won op d’Kopp gaangen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert an eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO