Wéi de CGDIS mellt, ass hei géint 13.51 Auer an enger Kummer e Feier ausgebrach. Véier Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren nieft de Pompjeeë vu Clierf, Ëlwen a Wäiswampech och d’Ambulanciere vun Arzfed aus Däitschland a vu Wolz.