
Deemno ware géint 7.23 Auer um CR305 tëscht Useldeng a Viichten zwee Autoen anenee gerannt. Zwou Persoune goufe bei der Kollisioun blesséiert a vun de Rettungsekippe vun Useldeng, Réiden a Miersch versuergt.
D’Rettungsdéngschter vu Lëntgen, Steesel an aus der Stad goufen iwwerdeem kuerz no 8 Auer wéinst enger weiderer Kollisioun op d’A7 tëscht dem Tunnel Grouft an dem Tunnel Stafelter alarméiert. Och hei waren zwee Autoen net laanschtenee komm an zwou Persoune blesséiert ginn.