
De Verbrauch vun Drénkwaasser fir net essentiel Saache muss direkt reduzéiert ginn. Deen Appell huet d'Waasserwirtschaftsamt e Freideg de Moie gemaach. D'Bierger ginn opgeruff, hir Autoen net méi ze wäschen an an hire Gäert just nach dat wesentlecht a méi frësche Momenter ze netzen. Wa méiglech och keng laang Duschen huelen.
Well et déi lescht Woche ganz waarm war an et ganz wéineg gereent huet, ass de Verbrauch vun Drénkwaasser an d'Luucht gaangen an esou och den Drock op d'Zouliwwerung.