EuropaparlamentVerbrenner-Verbuet 2035 warscheinlech gestoppt: Wat soe Lëtzebuerger Europadeputéiert?

Chris Meisch
Jorelaang schéngt de Wee kloer ze sinn: Vun 2035 u sollten an der EU eigentlech keng nei Ween méi produzéiert ginn, déi CO₂ ausstoussen.
© FRANK HOERMANN / SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP
Verbrenner-Verbuet 2035 gestoppt: Wat soe Lëtzebuerger Europadeputéiert?
Jorelaang schéngt de Wee kloer ze sinn: Vun 2035 u sollten an der EU eigentlech keng nei Ween méi produzéiert ginn, déi CO₂ ausstoussen.

Bensinn- an Dieselautoen, mee och klassesch Hybrider géingen domat praktesch lues a lues vum Maart verschwannen. Dëst Verbuet war e wichtege Bestanddeel vum europäesche Green Deal a sollt de Verkéierssecteur op dësem Wee a Richtung Klimaneutralitéit féieren. Elo geréit dee Plang awer ënner Drock. Wéi vill Medie gemellt hunn, wäert d‘EU d‘Direktiv, datt vun 2035 un nei Bensinner an Dieselen verbuede ginn, warscheinlech zréckzéien. Eng definitiv Decisioun steet nach aus.

Trotz der geplangter Reform kéinten d’Produzenten och no 2035 nach ëmmer Verbrenner bauen – awer just nach ee klengen Deel vun der globaler Produktioun. Den EVP-President Manfred Weber gesäit no engem Gespréich mat der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eng Léisung am Sträit ëm d’Zukunft vun Autoe mat Verbrennungsmotor an Europa. “Bei Neizouloossunge vun 2035 u soll elo amplaz vun 100 Prozent eng 90 prozenteg Reduktioun vum Ausstouss vun CO2 fir d’Autosbauer gëllen,” esou de Weber an der Bild-Zeitung.

Den DP-EU-Deputéierte Charel Goerens bedauert, dass esou Diskussiounen net besser virbereet wieren.

„Et ka jo net sinn, dass den Här Weber vun der EVP elo kann iwwer d‘Bild-Zeitung annoncéiere wat geschitt. Sou wäit wéi ech informéiert sinn, steet an der Reegelung iwwer den Aus vum Verbrenner, eng Revisiounsklausel dran, déi ka jo logescherweis just vun der Green-Pact Studie précédéiert ginn. An dofir hätt ech gär, dass éier iwwerhaapt esou eng Diskussioun ugefaange gëtt, mol fiert éischt eng Impaktstudie gemaach gëtt. Si hätten déi kënne virzéien, an da mam Parlament diskutéieren. Mee wann et elo esou geet wéi bei anere Gesetzer, datt elo schonn d‘Majoritéit praktesch Rietsextrem plus dem Här Weber seng Gefollegschaft dat stëmmen, brauche mir geschwënn net méi am Parlament ze diskutéieren.“

De Charel Goerens betount, dass dat Repercussiounen op d‘Planungssécherheet vun de Leit huet, déi am Automobil- an Infrastruktursecteur schaffen. Vill Firmen hätte sech schonn intern op de Stopp vum Verbrenner preparéiert, fir an Zukunft a Richtung Elektrogefierer ze plangen.

Och aus den eegene Reie kënnt net vill Versteesdemech fir dem Manfred Weber seng Aussoen. D’CSV-EU-Deputéiert, Martine Kemp, huet zwar 2023 beim Vote iwwer e Verbrennerverbuet dogéint gestëmmt. Betount awer lo, dass et wichteg wier, un den Decisioune festzehalen. ….

„Wou mir dann och wierklech u Saache festhalen. Dat mécht et dann och schwiereg, och fir d‘Leit dobaussen, well elo komme mir nees an d‘Wanken, bréngen Onsécherheet an dat Ganzt eran. Och wa mir natierlech matkrut hunn, dass d‘Leit net alleguer zefridde ware mam Verbrennerverbuet, war et trotzdeem eng gewësse Kloerheet.“

De sozialisteschen EU-Deputéierte Marc Angel gesäit an där ganzer Diskussioun och d’Gefor, datt d’EU ee Kompetitivitéitsnodeel géigeniwwer China an aner Länner kréie kéint, déi dem europäesche Marché a punkto Elektromobilitéit elo schonn eng Nues viraus sinn a fuerdert eng kloer Linn.

„Ech fannen et e bëssi komplizéiert, de Schlingerkurs, deen den Ament an der EU gemaach gëtt, wou mir Gesetzer, déi mir gestëmmt hunn, réckgängeg maachen. Mir wëlle jo kompetitiv bleiwen, mir sinn an engem Weltmarché dran. Et ass och interessant, dass déi, déi eis ëmmer soen, eis Industrie muss kompetitiv sinn! Mir mussen op nei Technologien setzen! Elo hei op enger Technologie vum Status Quo wëlle festhalen.“

Eng definitiv Decisioun steet awer nach aus, déi soll spéitstens am Laf vun nächster Woch, no weidere Verhandlungen tëscht EU-Kommissioun Parlament an de Memberstaate falen. An dann ass Enn nächst Woch den EU-Conseil vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel.

Back to Top
CIM LOGO