Sprengstoff ausgeschlossVerdächteg Substanz léist Policeasaz am Cargozenter aus

RTL Lëtzebuerg
Wéinst enger verdächteger Substanz ass d'Police e Sonndeg an de Cargozenter um Findel geruff ginn – d'Tester op der Plaz waren awer all negativ.
© Laurent Weber

E Sonndeg de Mëtteg gouf et ee Policeasaz am Cargozenter um Findel, dat wéinst verdächtege Substanzen, wéi d’Police op Nofro präziséiert huet. Fir Sprengstoff auszeschléissen, goufen Tester gemaach, och ee Policehond gouf agesat.

D’Tester wieren awer alleguer negativ gewiescht, wéi et vun offizieller Säit aus heescht. Weider Detailer konnt d’Police bis elo nach net nennen.

Back to Top
CIM LOGO