Bodybuilding-ZeenVerhaftunge wéinst Handel mat Dopping-Mëttelen och zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
An enger grenziwwerschreidender Police-Aktioun goufen en Dënschdeg eng 20 Leit a Frankräich, der Belsch an hei zu Lëtzebuerg verhaft.
© RTL-Grafik

Déi betraffe Leit sollen an der internationaler Bodybuilding-Zeen mat Dopping-Mëttele gehandelt hunn.

Dat schreift de L’Essentiel a berifft sech op Aussoe vun der franséischer Justiz.

D’Leit wieren am Groussraum Paräis, am Elsass, a Südfrankräich, an der Belsch an eben och hei am Grand-Duché vun der Police matgeholl ginn.

Bei Perquisitioune wieren och wäit iwwer 100.000€ Boergeld, an anabol Produite wéi Steroiden oder Wuesstums-Hormoner confisquéiert ginn.

D’Enquêteure wieren de presuméierten Dealer op d’Spur komm, nodeems zwou Holdingen hei zu Lëtzebuerg, an e Labo a Frankräich iwwerwaacht goufen.

© RTL-Grafik
Sport-Block vum 12. Abrëll
Dat Wichtegst aus der Welt vum Sport kuerz zesummegefaasst.

Back to Top
CIM LOGO