
Lëtzebuerg a Bréissel goufe sech eens, datt 54 Militärgefierer wäerte kaf ginn, déi der Lëtzebuerger Defense ze Gutt kommen. De Kontrakt mam franséische Produzent “KNDS” gouf e Mëttwoch vun de Ministere Backes an Delles ënnerschriwwen.
Et handelt sech ëm arméiert, gepanzert Opklärungs-Gefierer vun de Modeller Jaguar an Griffon, déi a Frankräich produzéiert ginn. De Präis gëtt offiziell net matgedeelt.
Bis 2030 soll de komplette bi-nationalen Opklärungs-Batailloun, deen zu Arel stationéiert gëtt an dee fir NATO-Missiounen un der Ostflank kann an den Asaz kommen, operationell sinn.
Offiziell heescht den Defense-Detachement “Guides-Chasseurs Luxembourgeois” - wat drun erënnert, datt dës Arméi-Unitéiten historesch gesinn en Deel vun der Kavallerie waren.
Lëtzebuerg stellt eng 350 Zaldoten fir den neien Batailloun.