Vum Parquet ordonéiert AlkoholkontrollenVun 533 Alkoholtester dräi positiv, ee Permis agezunn
En Donneschdeg tëscht 16.30 an 19.30 Auer huet d'Police zu Kanech an zu Réimech an Alkoholkontrolle gemaach.
Nëmmen an dräi Fäll vun am Ganzen 533 kontrolléierten Automobilisten ass den Test positiv ausgefall. Si kruten e Protokoll. Ee Chauffer krut de Permis nach op der Plaz ewechgeholl.