
Deemno gëllt vun en Donneschdeg an der Mëttesstonn un eng Alerte jaune fir de Süde vum Land. Dës soll bis Hallefnuecht undaueren. An der Meldung vun LU-Alert geet Rieds vun der Méiglechkeet vun engem "moderaten thermesche Stress". Deemno wieren Ermiddung an Erschëpfung duerch Hëtzt méiglech, wann ee sech méi laang sollt dobaussen ophalen.