“Eindeutlech Klimawandel. Und zwar deshalb, weil, wenn wir über Klima sprechen, sprechen wir letztendlich über unwiederbringliche Schäden, die angerichtet werden. Also es gibt keine Möglichkeit der späteren Korrektur dessen, was wir mit der Natur jetzt anrichten. Aber die Migratioun ist natürlich das Thema, das jetzt dem Menschen sehr vill dringlicher erscheint und gewissermaßen verdrängt, dass das Dringliche das Wichtige an der Stelle. Ich will nicht sagen, dass die Frage von Migration nicht bedeutend ist. Aber wenn man es nebeneinander stellt und langfristig betrachtet, dann denke ich, ist Klima wirklich die absolut entscheidende Frage”, sou de Prof. Beckert.
De Januar 2025 war dee wäermsten, dee jee gemooss gouf, ee vun 18 Rekordméint déi et gouf, Extrem-Wiederphenomener huelen zou an awer dominéiert d’Thema Migratioun d’Politik. A ville Länner gëtt Klimapolitik - net just an den USA, ënnert engem Donald Trump, zréckgefuer. Wéi ass dat ze erklären? Firwat gëtt esou wéineg gemaach, wou sou vill gewosst ass?
“Verkaufte Zukunft: Warum der Kampf gegen den Klimawandel zu scheitern droht” ass dem Prof. Jens Beckert säi Buch iwwerschriwwen. De Soziolog ass Direkter vum Max-Planck-Institut fir Gesellschaftsfuerschung zu Köln a war fir eng Konferenz op Invitatioun vum Mouvement Ecologique zu Lëtzebuerg. Hie plaidéiert fir méi Realismus an der Klimadebatt, seet kloer, dass d’Zil vun den 1,5 Grad vun de Paräisser Klimaaccorden net ze halen ass, dofir sollt een éierlech si mat de Bierger, och doriwwer, dass de Kampf géint d’Klimaerwiermung net méiglech ass ouni “ze nerven” an och ganz deier gëtt, dass déi Transformatioun fort vun de fossillen Energien nëmmen dann eng Chance huet, wann d’Politik och der Wirtschaft déi néideg Ureizer dofir gëtt, ouni Hin an Hier an de Reegelen. Jidderee misst wësse kënnen, wourop sech astellen, souwuel d’Betriber wéi och d’Bierger.
Wéi eng Klimapolitik ass sënnvoll a politesch machbar? Soll een de Kapitalismus oder de Wuesstem a Fro stellen, wat bréngen déi vill Appeller, dass et 5 vir 12 ass? A wat maachen, wann d’Temperature riicht weider klammen? Ass Technologie eng Léisung a wat bedeit et fir déi international Zesummenaarbecht, dass den Donald Trump nees un der Muecht ass?
De kompletten Interview mam Prof. Jens Beckert gesitt Dir den Owend direkt nom Journal vun der Télé.