"Gepëspers um Späicher" mam Anne Brasseur"Wat ech am Léifste gemaach hunn, war Gemengepolitik"

Annick Goerens
Deputéiert, Ministesch, Schäffen, Gemengeconseillère an der Stad Lëtzebuerg a Member vun der Assemblée parlementaire vum Europarot. D'DP-Politikerin hat an hirem Liewe scho vill Engagementer.
Anne Brasseur
Deputéiert, Ministesch, Schäffen, Gemengeconseillère an der Stad Lëtzebuerg a Member vun der Assemblée parlementaire vum Europarot.

“Ech hat enorm Chance. Ech war ganz oft op der richteger Plaz zur richteger Zäit. [...] Mee wat ech am Léifste gemaach hunn, war Gemengepolitik.”

An der Stad Lëtzebuerg, zesumme mam Lyide Polfer, do konnt een einfach direkt eppes bewierken. Et géing ee mat de Leit iwwer hir Problemer schwätzen a versichen, Léisungen ze fannen. An der internationaler Politik géing et vill méi laang daueren an och als Educatiounsministesch wier et laangwiereg gewiescht fir eppes ëmzesetzen. D’Anne Brasseur ass virun 50 Joer fir d’éischt gewielt ginn, den 12. Oktober 1975. Motivéiert dozou, gouf si vun der deemoleger Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, dem Colette Flesch.
“T’ass am Fong aus lauter Virwëtz wou ech matgaange sinn.”

Matzen an der Groussgaass opgewuess

D’Politikerin ass als Geschäftsmeedche matzen an der Groussgaass opgewuess. Hir Elteren haten ee Konfektiounsbuttek an do uewendriwwer hu si gewunnt. Fir esou opzewuessen, wier eng Chance gewiescht.

“Well ech do ganz vill geléiert hunn. Well wann een an engem Betrib opwiisst, wou et am Fong keen richtegen Feierowend gëtt. Dat war eng Lektioun fir d’Liewen fir mech. T’ass och alt Sonndes geschafft ginn, wann et huet missen sinn. An ech hunn dat gesinn.”
Deemools ass den Tram nach duerch d’Groussgaass gefuer an och Autoen. D’Anne Brasseur ass mat engem Brudder grouss ginn, deen 2 Joer méi al war a leider mat 37 Joer verscheet ass.

Vum SPOS, iwwer de SCAS an d’Politik

D’Anne Brasseur huet an Däitschland hiren Diplom als Psychologin gemaach, war awer just ganz kuerz an der Beruffsdisziplin ënnerwee. Am Jongelycée zu Esch, huet si de SPOS (haut Sepas) mat opgebaut. Duerch den deemolege Justiz- an Educatiounsminister Robert Krieps krut si d’Aufgab fir de Service central d’assistance social, de SCAS, an der Justiz opzebauen.
“Mir hu geduecht, du wiers d’Meedchen dofir”, sot de Robert Krieps. “Ech hat jo och forensesch Psychologie studéiert.”

Dat war awer nëmme fir dräi Joer. 1979 waren du Chamberswalen, wou ech dunn och gewielt gouf.

Hobbyen: Scouten, Tennis a Musek

De Scoutismus huet d’Anne Brasseur e ganzt Liewe laang gepräägt. Ugefaangen huet si 1959 als Wichtelchen an duerno an de Guidë bei de Campeuses Bronzées. A mat 15 Joer ass si du bei d’Diables mauves gaangen, fir Chef vun den Diables mauves bei de Wëllefcher ze ginn.

“Do léiert ee fir d’éischt zesummenzeschaffen an dass een eleng näischt fäerdeg bréngt, wann een dat net zesumme mécht. Den Zesummenhalt an duerno och Responsabilitéit ze huelen, ganz jonk, als Chef. Dat huet mir enorm gehollef, herno, fir dat spéider Liewen. An ech mengen och an der Politik.”

Nieft de Scouten huet d’Politikerin ganz gär Tennis gespillt bei der Spora. Si hätt och do gehollef, fir d’Tennisschoul mat opzebauen. A si huet gäre Gittar gespillt.

Wéi eng Musek huet d’Anne Brasseur eis mat op de Späicher bruecht?

Firwat ass hiert Virbild bis haut d’Steffi Graf?

A wou ass d’Politikerin aktuell nach engagéiert?

All d’Episode vu Gepëspers um Späicher fannt Dir um RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO