
RTL-Informatiounen no soll och en Echantillon vun der historescher Kokain-Decouverte zu Bilschdref am Laf vun en Donneschdeg zu Diddeleng am Staatslabo ofgi gi sinn. De Chemiker Serge Schneider vum Service Chimie analytique vum LNS, huet eis erkläert, wéi esou eng Drogenanalys duerchgefouert gëtt.
An enger éischter Phas muss mat Hëllef vu cheemeschen Ënnersichunge bestëmmt ginn, ëm wat fir eng Drog et sech genee handelt. Dës éischt Etapp ass relativ séier ofgeschloss, sou dass meeschtens schonn no engem Dag ka gesot ginn, ëm wéi eng Drog et sech handelt. Och gëtt iwwerpréift, op d’Drogen nach mat anere Substanze gestreckt sinn. An enger zweeter Etapp geet et dann ëm d’Konzentratioun, respektiv den Dosage, erkläert de Serge Schneider:
“Déi zweet Etapp ass: Wéi vill Kokain ass am Kokain, wéi vill Heroin ass am Heroin oder wéi vill Ecstasy ass am Ecstasy? Dat ass jo seelen honnert Prozent. Da maache mer eng zweet Analys, wou mer en Dosage maachen. Wou mer et doséieren, wéi vill Psychotrop, zum Beispill Kokain ass an der Kokainsprouf? Dat sinn och international Recommandatiounen, déi mer befollegen an zwou onofhängeg Methode, fir eppes nozeweisen, well et ka jo sinn, dass ee sech eng Kéier iert a wann een et da mat zwou verschiddene Methode mécht, dann ass d’Chance, dass ee sech zweemol d’selwecht iert ganz kleng.”
Pro Joer kréien de Serge Schneider a seng Ekipp iwwer 6.000 Droge-Prouwen erageschéckt, vun deene ronn zwee Drëttel analyséiert ginn. Datt ëmmer méi Drogen am Ëmlaf sinn, gesäit och de Chemiker vum LNS esou, dee betount, datt d’Zuel an deene leeschte Jore signifikativ geklommen ass.
“Cannabis huet am meeschten zougeholl. Kokain och, Kokain ass relativ vill um Maart wéi jo allgemeng bekannt ass. T’ass och d’selwecht an Däitschland. Ech hunn och vill Kontakt mat den däitsche Kolleegen, Kokain ass och relativ präisgënschteg a relativ puer, et ass gutt Material, muss ee soe wéi et ass. Heroin ass manner, mir gesinn es manner. Do huet d’Qualitéit ofgeholl. Normalerweis ass dat, well an Afghanistan den Opiumubau signifikativ zeréckgaangen ass, dowéinst ass d’Qualitéit vum Heroin manner gutt”

D’Quantitéit u Kokain, déi lescht Woch zu Bilschdref saiséiert gouf, ass mat insgesamt 889 Kilogramm an engem Verkafswäert vu bis zu 160 Milliounen Euro déi gréissten an der Lëtzebuerger Kriminalgeschicht. Nom Cannabis bleift Kokain déi am zweetmeeschte consomméiert Drog an Europa. Dem europäeschen Drogerapport vun 2024 no, gouf eleng am Joer 2022 an den EU-Memberstaaten eng Rekordquantitéit vu 323 Tonne Kokain séchergestallt. De Serge Schneider erkläert, wat genee hannert der Drog stécht.
“Kokain ass e Stimulant, et ass en Opputschmëttel, deen och effikass wierkt. Also dat ass elo keng nei Drog, dat gëtt zënter Dausende Joren a Südamerika benotzt, andeems een d’Blieder knat. De Kokain, deen ass an de Blieder vun där Planz, gëtt fräi, e wierkt op d’Zentralnervesystem als e Stimulant. De Problem ass leider, dass en elo extrahéiert gëtt, dass en an enger méi oder wéineger puerer Form, hei ka gesnifft ginn an dat huet dann déi Effets secondaires, déi bekannt sinn, déi en dann och e bësse geféierlech mécht.”
Gewéinlech ginn Drogen, déi vum Marché geholl goufen, verbrannt. Dat dierft och am Fall vun de bal 900 Kilogramm Kokain de Fall sinn.
(10.02.2025) Decouverte a Concasseur: D’Droge goufen op engem Haff zu Bilschdref fonnt
(10.02.2025) Kokain am Concasseur: “Ech war frou, wéi alles fort war!”