"Ech war frou, wéi alles fort war!"

Zu Bilschdref un der Nationalstrooss: Bléck op deen Haff, op deem de Concasseur mam wäisse Pudder dra geparkt gi war. / © Domingos Oliveira
Am Gespréich mat RTL betount de Besëtzer vum Haff, datt kee vu senge Filssen an Untersuchungshaft sëtzt.
Et ass eng Iwwerraschung, op déi ee gäre verzicht: Den eegenen Haff gëtt als Drogestopp ge- oder vill méi mëssbraucht.
Esou ass et d'lescht Woch enger Famill vu Bilschdref gaangen. Op eemol huet sech d'Police fir eng vun de Maschinnen interesséiert, déi bei hir geparkt gi waren – "direkt nieft der Nationale a guer net verstoppt", esou de Proprietär vum Bauerenhaff e Méindeg den Owend am Gespréich mat RTL. "Ech hat just d'Erlabnis ginn, datt d'Maschinn dierft heihigestallt ginn. Dat ass 14 oder 10 Deeg hier."
Op sengem Bauerenhaff, op deem nach ëmmer Kéi gestrach ginn, wiere scho méi dacks Saachen tëschestockéiert ginn, zum Beispill eng Heizung oder och soss Schrott.
Ma fir de Concasseur hätte sech op eemol d'Autoritéiten interesséiert an hien hätt se gewäerde gelooss. Un der Maschinn hätte fir d'éischt zwee Leit ugefaangen ze schrauwen, du wier d'Police intervenéiert an hätt d'Maschinn oftransportéiert. Richteg opgemaach gi wier se dunn awer op enger anerer Plaz.
An den Interessi vu Police, Parquet a Co. koum net vun ongeféier: An de Walze vun der Stroosse-Maschinn, fir Steng kleng ze maachen, waren Honnerte Kilogramm Kokain verstoppt. Déi genee Quantitéit gouf nach net offiziell matgedeelt, ma rieds geet vu 750 bis 800 Kilogramm – geschatene Maartwäert eng 80 bis 120 Milliounen Euro. An anere Wierder: eng geféierlech Saach! D'Maschinn koum iwweregens aus Kolumbien a gouf séier vum Haff evakuéiert.
"Ech war frou, wéi alles fort war!", esou de Besëtzer vum Haff, dee bedauert, a wat hien a seng Famill onverschëlt erageroden ass. Eng Info, déi iwwer de Weekend zirkuléiert ass an e Méindeg och kuerz vun RTL opgegraff gi war, wier iwwerdeems net richteg: Kee vu sengen dräi Bouwe séiz an Untersuchungshaft.
Am Kontext vun der Droge-Saisie waren awer zwou Persoune verhaft an op Suessem an Untersuchungshaft bruecht ginn, dat hat de Parquet confirméiert. Ee Mann vun 38 an ee vun 43 Joer.
Nawell ass d'Opreegung an der Gemeng Rammerech, zu Bilschdref an absënns um concernéierte Bauerenhaff nach ëmmer grouss: "Mir sëtzen hei op Eeër", esou de Proprietär, deen nach ëmmer net ka gleewen, wéi dat konnt geschéien, a sech d'Rou vu virun der verdäiwelter Trouvaille zeréckwënscht.