D'Droge goufen op engem Haff zu Bilschdref fonnt

Ëmmer méi Detailer zur Decouverte vu leschter Woch gi bekannt. Déi zwee Verdächteg sinn an Untersuchungshaft zu Suessem.
D'lescht Woch gouf et eng net alldeeglech Saisie, déi am Kader vun der gréisster Drogen-Affär am Land geschitt ass. E Concasseur, also eng Stroosse-Maschinn, fir Steng ze zerklengeren, gouf vun der Police am Nord-Weste vum Land confisquéiert. An der Maschinn aus Kolumbien waren Honnerte Kilogramm Kokain verstoppt, woubäi de Maartwäert tëscht 80 an 120 Millioune soll leien.
Dës Informatiounen haten den Dikrecher an de Stater Parquet e Freideg an enger vun de seelene Pressekonferenze matgedeelt. Antëscht ginn ëmmer méi Detailer bekannt.
De Concasseur gouf wéi gesot am Nord-Weste vum Land fonnt. Bis elo war bekannt, dass dëst an der Gemeng Rammerech wier. Méi genee war et RTL-Informatiounen no op engem Haff zu Bilschdref, wou déi grouss Maschinn tëschestockéiert gi wier. De groussen Haff, wou u sech net méi aktiv geschafft gëtt, läit mat senge Scheieren an Halen ofgeleeën nieft enger Landstrooss südlech baussent der Uertschaft. D'Hal an där d'Maschinn fonnt gouf, soll verlount gewiescht sinn.
Zwou Persoune goufen antëscht verhaft a sinn zu Suessem an Untersuchungshaft, wéi de Parquet confirméiert, dorënner e Mann vun 38 an ee vun 43 Joer.
Eisen Informatiounen no waren d’Drogen net fir de lëtzebuergesche Marché bestëmmt. Deemno géing et och e Lien an d'Ausland ginn. De Parquet wäert déi nächst Deeg weider Detailer ginn iwwer d'Quantitéit vun den Drogen, déi fonnt goufen. Bis e Freideg war d’Maschinn nach net komplett auserneegeholl, soudass een hei keng genee Donnéeë konnt ginn.
Eng Rei Informatiounen aus dësem Artikel goufen ugepasst.